D’Greiweldenger Musek sicht vir ab dem 1. Juni 2019 en neien Dirigent, respektiv Dirigentin, den/déi di musikalesch Leedung vun eisem Orchester inkl. Jugendmusek wéilt iwwerhuelen.

Mir sinn eng jonk an dynamesch Equipe vu 40 Musikantinnen a Musikanten, mat enger Altersmoyenne vun 28 Joer a prouwe Méindes vun 19h00 bis 21h15 zu Greiweldeng.

D’Lëtzebuerger Sprooch ass erwënscht a mir wäre frou wann de Kandidat, respektiv d‘Kandidatin sech eng Kéier am Viraus géif dem Ensembel presentéieren an virdirigéieren.

Schéckt eis Är Kandidatur mat CV bis spéitstens den 19. Abrëll un folgend Adress:

Greiweldenger Musek c/o Michèle Hentzen, 6, Massewee L-5451 Stadtbredimus
Email: sekretariat@greiweldengermusek.lu

Weider Informatiounen: +352 691 280 879