top of page

​WËLLKOMM

bei der Greiweldenger Musek

Mir sinn eng Musek mat aktueller Besetzung vu 40 Musikantinnen a Musikanten an spillen zanter Juni 2019 ënnert der Direktioun vum Mil Muller.

​

1911 als Fanfare zu Greiweldeng gegrënnt, si mir haut en traditionellen, kulturelle an awer och jonken an dynamesche Veräin. Iise Repertoire geet vun traditioneller bis méi modern Musek.

​

Niewent iise Concert’en si mir op ville musikalesche Sortie’en zu Greiweldeng a Stadbriedemes awer och an Nopesch-Gemenge vertrueden. D’Komerodschaft an de Spaass ginn bei iis héich geschriwwen an dofir organiséiere mir verschidden Evenementer, bei deene mir mat iise Veräinskollege lëschteg Stonne verbréngen. Méi heizou fannt Dir och an iisem Kalenner.

 

Jiddwereen ass bei iis wëllkomm! Mir freeën iis ëmmer iwwert musikalesch Verstäerkung, egal op jonk Musikanten oder schonn mat musikalescher Erfarung.
 

Bass du interesséiert fir Member vun der Greiweldenger Musek ze ginn? Da mell dech bei iis!

bottom of page